01 Programme
An Zesummenaarbecht mat hire Sport- a Jugendkommissiounen organiséieren d'Gemenge Stadbriedemes a Bous-Waldbriedemes eng Nuit du Sport mat hire lokale Sportsveräiner a Kommissiounen. Ewéi och scho wärend der Editioun am Joer 2025, wäert d'Strooss tëschent Bous a Stadbriedemes fir den Autosverkéier gespaart sinn, sou dass d'Participanten sech sécher tëschent deenen 2 Plaze mat Vëlo, Trottinette, Go-Kart, Bobbycar..... beweege kennen.
Kanner, Erwuessener a Senioren déi Freed u Beweegung hunn a Loscht nei Sportaarten ze entdecke sinn häerzlech invitéiert matzemaachen. Si dir interesséiert? Da kommt mat Sportskleedung- a Schong laanscht kucken. Vergiesst äre Waasserbidong net.
Fir Iessen a Gedrénks ass duerch d'Elterevereenegunge Bous, Stadbriedemes an Trënteng an d'Fairtradekommissioun Stadbriedemes beschtens gesuergt.
Rdv: Sportshal Jeannot Bonifas Stadbriedemes a Fussballsterrain Bous
Les communes de Stadtbredimus et de Bous-Waldbredimus, en collaboration avec leurs commissions des sports et de la jeunesse, organisent une Nuit du Sport avec leurs clubs sportifs locaux et commissions. Comme ce fut déjà le cas lors de l'édition 2025, la route entre Bous et Stadtbredimus sera fermée à la circulation automobile et les participants pourront se déplacer en toute sécurité entre les deux lieux en vélo, trottinette, karting, bobby-car....
Les enfants, adultes et seniors qui aiment bouger et souhaitent découvrir de nouveaux sports sont cordialement invités à participer. Si vous êtes intéressé, venez en tenue de sport/chaussures de sport. N'oubliez pas votre bouteille d'eau.
La restauration est assurée par les associations des parents d'élèves de Bous, Stadtbredimus et Trintange ainsi que la commission Fairtrade de Stadtbredimus.
Rdv: Sportshal Jeannot Bonifas Stadtbredimus et terrain de football Bous.
Fussballsterrain beim « Sport- a Kulturzenter » zu Bous / Terrain de football près du « Sport- a Kulturzenter » à Bous
Parking bei a rondrëm d'Sportshal an de Fussballsterrain. Den Transport tëschent deenen 2 Siten gëtt duerch eng Navette déi all 20 Minuten fiirt assuréiert.
Football
Atelier Fussball - Entdeck de Fussball an ënnerschiddlechen Atelieren
Organisateur : Union Réimech-Bous
Tennis de table
Atelier Dëschtennis - Technik léieren duerch probéieren
Organisateur : DT Scheierbierg
Activités physiques et sportives (sapeurs-pompiers)
Waasser sprëtze mat der Kiwwelsprëtz a Reanimatioun.
Sief Pompjee fir een Dag - Hal de Schlauch a rett e Liewen.
Organisateur : Amicale CIS Remich
Parcours Vélo
Mat Balance a Geschécklechkeet iwwert d'Strooss
Organisateur : Paul Thiltges
Airtramp
Komm w.e.g. mat enger laanger Box an ABS-Strëmp - Veuillez mettre des pantalons longs et des chaussettes antidérapantes
Organisateur : Maison Relais Am Kiischtenascht Trënteng
Jeux
Stiwwelwäitworf - Hacker Stiwwel flitt dee wäit. A wéi wäit schéiss du en?
Organisateur : Bouser Spektakel
Bodykicker
Gladiator / Kicker
Organisateur : Elterevereenegung Bous an Association des Parents d'Élèves Trënteng
Musique et Danse
Rhythmus- a Klangatelier
Entdeck Musek emol ganz anescht!
Organisateur : Trëntenger Musek
Gastronomie
Catering - Fir Gedrénks an e gudde Maufel ass gesuergt.
Organisateur : Elterevereenegung Bous an Association des Parents d'Élèves Trënteng
Parcours (Fitness-parcours)
En ofwiesslungsräiche Fitnessparcours fir Grouss a Kleng, dee Spill, Sport a Spaass verbënnt.
Organisateur : Dammenturnveräin Bousserdall
Footbillard
Fussball-Billard - Erlief de Fussball emol ganz anescht!
Organisateur : Tip Top Fit Trënteng
Tennis
Mam Tennistrainer seng Loscht zum Spill fannen.
Organisateur : Dammenturnveräin Bousserdall
Mini Olympiades
Mini-Olympiad : Erlief ënnerschiddlech Challengë fir all Alter! Spill a Spaass garantéiert.
Organisateur : Maison Relais Bous
Leitergolf
Leitergolf : Duelléier dech mat der Famill oder géint Kolleegen an entdeck de Leitergolf!
Organisateur : Waldbriedemeser Dickserten