01 Programme
Nuit du Sport 2025 an der Gemeng Manternach, zesumme mat der
Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Manternach
De 14. Juni 2025 ab 16h00 zu Berbuerg um Campus Renert
Programm
- Fussball mam F.C. Berdenia Berbuerg (um Terrain)
- Pass-, Dribbel-, Schoss- a Spillatelieren fir Kleng a Grouss
- Dësch-Tennis mam D.T. Berbuerg (uewen am Sall)
Animatioun a Spiller ronderëm den Dëschtennis
- Basket mat den East Side Pirates Berbuerg/Waasserbëlleg (an der Hal)
- Schosstraining, Ballhandling a kleng Matcher 3 vs. 3
Zousätzlech : Eisekuch-Atelier
- Turnen a Yoga mat de Fit Fiissercher (am Haff)
Programm:
17:00 - 17:20 Fitness
17:30 - 18:00 Yoga
18:10 - 18:30 Fitness
18:35 - 19:00 Yoga
- Aikido mam Cercle d'Aïkido et de Budo Bech (an der Hal)
Demonstratioun all hallef Stonn a kleng Atelieren ab 10 Joer
- Klengen Abléck an d’Aarbecht vun de Pompjeeën aus der Gemeng Manternach (am Haff)
- 1. Hëllef fir Grouss a Kleng (e.a. Reanimatioun a mam Défibrillator schaffen)
- kleng Atelieren mat Pompjeesmaterial
Weiderhin gëtt et nach eng flott Animatioun fir d´Kanner a Form vu Sprangschlass, Airtramp a Cornhole-Spiller.
Fir Iessen a Gedrénks suergt d’ Jugend- a Sportskommissioun
vun der Gemeng Manternach