01 Programme
D'Gemenge Stadbriedemes a Bous-Waldbriedemes an Zesummenaarbecht mat hire Sportskommissiounen organiséieren eng nei Nuit du Sport mat hire lokale Sportsveräiner a Kommissiounen. Dës Joer erweidert sech d'Manifestatioun mat neien Aktivitéiten dofir wäert d'Strooss tëschent Bous a Stadbriedemes fir den Autosverkéier gespaart sinn an d'Participanten sech sécher tëschent deenen 2 Plaze mat Velo, Trottinette, Go-Kart, Bobbycar..... beweegen kennen.
Kanner, Erwuessener a Senioren déi Freed u Beweegung hunn a Loscht nei Sportaarten ze entdecke sinn häerzlech invitéiert matzemaachen. Si dir interesséiert da kommt mat Sportskleedung/Schong laanscht kucken. Vergiesst äre Waasserbidong net.
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt duerch d'Elterevereenegungen Bous, Stadbriedemes an Trënteng an d'Fairtradekommissioun Stadbriedemes.
Rdv: Sportshal Jeannot Bonifas Stadbriedemes an Fussballsterrain Bous
***
Les communes de Stadtbredimus et Bous-Waldbredimus, en collaboration avec leurs commissions sportives, organisent une nouvelle Nuit du Sport avec leurs clubs sportifs locaux et commissions. Cette année, l'événement s'élargit avec de nouvelles activités, ainsi la route entre Bous et Stadtbredimus sera fermée à la circulation automobile et les participants pourront se déplacer en toute sécurité entre les deux lieux en vélo, trottinette, karting, bobby-car....
Les enfants, adultes et seniors qui aiment bouger et souhaitent découvrir de nouveaux sports sont cordialement invités à participer. Si vous êtes intéressé, venez en tenue de sport/chaussures de sport. N'oubliez pas votre bouteille d'eau.
La restauration est assurée par les associations des parents d'élèves de Bous, Stadtbredimus et Trintange ainsi que la commission Fairtrade de Stadtbredimus.
Rdv: Sportshal Jeannot Bonifas Stadbredimus et Terrain de football Bous
Hall Sport Jeannot Bonifas Stadtbredimus & Sport a Kulturzenter Bous
Parking bei a rondrëm d'Sportshal an de Fussballsterrain. Den Transport tëschent deenen 2 Siten gëtt duerch eng Navette déi all 20 Minuten fiirt assuréiert.
Badminton
Badmintonspill kenneléieren & selwer spillen
Org.: Badminton Ecluse asbl Stadbriedemes
Basketball
Dribbelen, Shootout, Passen, 3 géint 3 Spill
Org.: Musel Pikes Stadbriedemes
Cornhole
Spill mat Spaass a Spannung fir all Alter. Prezisioun a strategescht Denke gi gefuerdert.
18 Auer Speed Tournoi
Jeux
Trick Shots : kleng Spiller, wou ee konventionell an ënnerhalsam Weeër muss fanne fir d'Spill ze léisen z.b. Dësch-Tennis Bäll iwwer verschidden Hindernisser an e Glas werfen....
Org. : Jugendwave - Jugendhaus Réimech
Jeux de société
Gesellschaftsspiller fir Grouss a Kleng
org. Integratiounskommissioun Gemeng Stadbriedemes
Parcours de motricité
Ninja Parcours mat Slackline
Org. Maison Relais Stadbriedemes
Pétanque
Boule-Spill mat Treffsecherheet
Org. Greiweldenger Leit
Pêche sportive
Aféierung an d'Faszinatioun vum Fëschen . Schnuppercours iwwer d'Angeltechniken an déi verschidde Fëschzorten.
Org. Sportfescherveräin Stadbriedemes
fescher@spfst.info
Pilates
Ganzkierpertraining fir de Muskelopbau.
Bréngt weg eng Turnmatt mat
Org. Club Wëlle Wäin
Taekwondo
Aféierung an déi koreanesch Kampfkonscht.
Schnellegkeet an Dynamik si gefuerdert esou wéi d'Fousstechnik an d'Handtechnik.
19 Auer Demonstratiouns-Show
org. Taekwondo Duelem
Marche populaire
Sportlechen Trëppeltour vun +/- 8 km duerch d'Natur (Dauer tëschend 1.5 -2 Stonnen )
Départ um 15 Auer beim Kultur a Sportzenter zu Bous
Arrivée bei der Sportshal zu Stadbriedemes
Org. Emweltkommissiounen Bous-Waldbriedemes & Stadbriedemes
Yoga
Yoga a Meditatioun fir Grouss a Kleng
Brengt eng Turnmatt mat weg
Org. Club Wëlle Wäin
chasse au trésor
Fënns och du d'Léisungswuert
Org. Jugend a Sportskommissioun Bous-Waldbriedemes
Gesond Iessen, Méi Bewegen
Energietankstell: Uebst & Smoothie
Org. Maison Relais Stadtbriedemes